We use cookies to provide some features and experiences in QOSHE

More information  .  Close
Aa Aa Aa
- A +

"Keng verlueren Zäit"

4 0 3
16.02.2019

"Keng verlueren Zäit": Apropos vum Luc Marteling




... an iwwer Dësch gouf natierlech iwwer Gott an d'Welt geschwat. Ëmmer aktuell ass de Sujet, wéi komplizéiert et dach wier, sech iwwerhaapt a kompletter Ronn ze gesinn, also fir en Datum ze fannen, op deem jidderee kéint. Leet ee sech de fréi fest, komme sécher méi wichteg Saachen dertëschent, esou datt d'hallef Ekipp méi oder manner kuerzfristeg ofsoe muss; ass een ze spontan, sinn der sécher genee esou vill schonn ausgebucht, déi dann direkt ofwénke mussen.

An anere Wierder: Mir hunn och iwwer de Stress an iwwer d'Belaaschtung am Alldag geschnësst. Am Fong muss sech do jo jidderee mat der eegener Nues huelen: Déi eng schaffen ze vill, déi aner feieren ze gären, anerer reese stänneg duerch d'Welt, nees anerer kniwwelen........

© RTL