We use cookies to provide some features and experiences in QOSHE

More information  .  Close
Aa Aa Aa
- A +

Thailand, Mëttelmier

1 0 0
12.07.2018
Oh, loosst se dach nëmme stierwen, hunn ech geduecht, 12 Bouwen an en Trainer, wat soll deen Zodi. Eng 1.000 Leit, déi sech druginn, déi Daboen ze retten, Hëllef aus aller Welt, Amerikaner, Englänner, Navy Seals, Taucher, Dokteren. An da stierft och nach een, dee mat sollt hëllefen, se do erauszeschleefen. Jeejee. A wat dat erëm kascht. A wie bezilt. An den Trump gratuléiert och nach.

Okay, okay, kleng Otempause. Dat war elo grad den haarden, social-media-méissege modernen zyneschen Ufank. Deen einfach iwwerdecke soll, datt mir bal d'Tréine komm sinn, wéi ech ugangs Juli héieren hunn, d'Bouwen an den Trainer wiere lieweg fonnt ginn an der Hiel, nodeems 9 Deeg no hinne gesicht gi war.

Kucke mer dat emol vun enger anerer Säit. Déi 13 – wat eng Zuel, dat konnt jo net gutt goen! – déi 13 waren an de Bierg vun der Prinzessin, déi do läit, eragaang. Well – lokale Mythos – d'Hiel ass no der Prinzessin benannt, déi sech an e Päerdskniecht verléift hat. De Kinnek huet de Kniecht........

© RTL