We use cookies to provide some features and experiences in QOSHE

More information  .  Close
Aa Aa Aa
- A +

Midterms

4 0 0
07.11.2018

Et gëtt Vainqueure bei dëse Midterm-Walen, déi ganz wichteg sinn: Dat sinn den us-amerikanesche Wieler an d'Wielerin u sech. Eng Participatioun vun iwwer 40 Prozent, dat hu si seelen doiwwer, an et ass eng immens gutt Saach, well et jiddwereen, dee gewielt ginn ass, zolidd legitiméiert, op Demokrat oder Republikaner. Et gëtt sech gewiert, mam Stëmmziedel, an dat ass gutt.

Deen zweete Constat, deen ee maache muss a gär mécht, dat ass deen, datt dat Land vill méi lieweg, demokratesch, liberal, komplex an tolerant ass, wéi een denke kéint, wann ee nëmmen dem Trump seng Tirade héiert. Beispiller? Ma gär: Zu New York gëtt eng hispanesch-stëmmeg jonk Fra vu 29 Joer gewielt, am Colorado gëtt e schwule Mann gewielt, a Kansas gëtt eng lesbesch Fra gewielt, déi uewendrop........

© RTL