We use cookies to provide some features and experiences in QOSHE

More information  .  Close
Aa Aa Aa
- A +

Venezuela an der Kris

3 0 0
12.02.2019

Venezuela ass am Moment international an de Medien. De Grond sinn Hyperinflatioun, Hongersnout a virun allem d’Staatskris. Dësen Artikel soll een Iwwerbléck iwwer d’Situatioun a Venezuela vermëttelen.

Am Ufank vum Joer gouf den Nicolás Maduro, ënner internationalem Protest, als President vu Venezuela fir weider sechs Joer vereedegt. International Organisatiounen hunn d’Walen als ondemokratesch an domat och als ongëlteg erkläert. Den IWF (Internationale Wärungsfong) huet fir Venezuela eng Inflatioun vun 1.370.000 Prozent berechent. Als Verglach am Südsudan sinn et 90 Prozent. Et gëtt och prognostizéiert, dass et am Laf vum Joer och bis op 10.000.000 Prozent erop goe kéint.

Venezuela huet déi gréissten Äerduelegreserve vun den OPEC-Staaten (1). Mee d’Produktioun geet all Joers weider zréck, well d’Land et sech net méi leeschte kann, d’Reparatiounen un den Anlagen duerchzeféieren an och doduerch keng nei........

© Lëtzebuerger Journal